Sot Emol
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel
56 min
Wien huet net schonn op d’mannst emol a sengem Liewen dru geduecht eng Rees ronderëm d’Welt ze maachen, also e richtege Globetrotter ze ginn. Mee meeschtens bleift et beim Dram, en onerfëllten Dram.
Mee et gi Mënschen, déi sech deen Dram erfëllen, a si huelen hiert d’Gléck, hir Visioun, hiren Dram selwer an d’Hand a maachen doraus eng Realitéit.
D’Anabela an de Jorge Valente sinn elo scho ronn 10 Joer mat hirem Motorrad ronderëm d’Welt ënnerwee a wäerten eng 130.000 Kilometer hanner sech bruecht hunn. D’Loscht um Reesen ass nach ëmmer do. Se verbënnt dës zwee Mënschen, ass eng gemeinsam Léift.
Et ass scho bal Chance, datt d’Anabela an de Jorge Valente, déi nëmme kuerz zu Lëtzebuerg waren, sech awer Zäit geholl hu fir eng Stënnchen an eise Studio ze kommen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus