Sot Emol
Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur
56 min
Hie war iwwer 10 Joer Direkter vum Centre culturel de Rencontre Neimënster, hie war Coordinateur général vum éischter europäesche Kulturjoer zu Lëtzebuerg 1995. Dann ass hien awer och Auteur, Acteur, mécht Chroniken, ass Metteur en scène, Organisateur an huet bis haut nach ëmmer eppes ze soen, och wann een sech méi rare mécht.Mä et ass en Numm deen een awer nach ëmmer am Kapp huet, de Claude Frisoni.
De Claude Frisoni ass zu Knutange op d'Welt komm, en ass zu Villerupt grouss ginn an huet nom Lycée, Droit a Scienes economiques zu Nanzeg studéiert. Fir dono da praktesch vun Ufank u säi Liewen an der Kultur ze liewen.
Dee multikulturellen Aspekt huet de Claude Frisoni ëmmer gelieft, als Fils vun italieeneschen Elteren am Frankräich, mat engem Liewen am Dräi-Lännereck an dann eben déi Villfältegkeet vun der Kultur,
Zanter 2013 ass de Claude Frisoni elo schonns an der Pensioun, an dofir gëtt et Zäit dat hien dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun „Sot emol“ ass.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus