Den Numm Remy hutt Dir sécher schonn dacks op dëser Antenn héieren. Kee Wonner, well de Remy Franck zanter Ufank u beim radio 100,7 derbäi ass . Schonn zanter Joerzéngten ass hien an der klassescher Musek doheem, déi him ganz vill um Häerz läit.
Den Numm Remy Franck verbënnt een och mam spezialiséierten Internetsite oder der Internetzeitung Pizzicato.lu, déi et fréier och a Printeditioun gouf. Hien ass Chefredakter vu Pizzicato a säin Numm steet och fir d‘International Classical Music Award, déi am Fong aus de Cannes Classical Awards, an duerno aus dem MIDEM Classical Awards entstane sinn. De Jury, deen aus Muskekszeitungen a Radiostatiounen zesummegesat ass, wielt d’Laureaten aus an de Remy Franck ass zanter 2009 de President vum Jury.
De Remy Franck, deen zu Paräis Journalismus studéiert huet, ass no den Etuden als Kulturredakter bei d‘Wort gaangen, a war spéider Chefredakter vum Télécran. Parallel dozou huet hien, nieft dem 100,7, och nach fir aner Radioe geschafft wéi RTL, dem Deutschladfunk, Deutsche Welle oder dem Saarlänneschen Rundfunk .
De Remy Franck huet sech an de Jeuness Musicales zu Lëtzebuerg an och international engagéiert, huet CDe produzéiert, Concerte presentéiert an dat och fir Kanner.