De Jean Asselborn ass en Numm, dee wäit iwwer d’Grenze vun eisem Land eraus bekannt ass, esou guer ganz wäit, wann net op der ganzer Welt.
De Jean Asselborn war bal 20 Joer Lëtzebuerger Ausseminister an huet ouni Zweiwel an der internationaler Politik esou munche Stuerm materlieft. A mam Jean Asselborn als, wéi dacks och gesot gëtt, Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie, krut Lëtzebuerg 2013-2014 esou guer en net-permanente Sëtz am UN-Sécherheetsrot.
De Jean Asselborn, deen iwwer Gewerkschaftsaarbecht de Wee an d’Politik gemaach huet, war och 22 Joer laang Buergermeeschter vu senger, an dat och haut nach ëmmer, Heemechtsgemeng Stengefort.
1984 gouf hien déi éischte Kéier fir LSAP an d’Chamber gewielt, eng Partei, fir déi hien och eng Zäit President war. 2004 ass de Jean Asselborn dunn an der Regierung Junker-Asselborn Vizepremier an Ausseminister, wat hien och bis 2023 blouf, an domadder war hien den Doyen vun den Ausseministeren. An enger spéiderer Regierung gouf hien och nach Minister fir Migratioun an Asyl.
Dann ass de Jean Asselborn awer och ganz ville Leit duerch de Vëlo e Begrëff. De Vëlo ass fir de Jean Asselborn méi wéi just nëmmen e Sportaccessoire, mee eng Plaz oder eng Manéier, wou hie sech a senger Zäit als Politiker konnt ressourcéieren.