De Claude Zeimes kënnt aus enger musikalescher Famill, a besonnesch de Gesang gouf doheem ëmmer ganz grouss geschriwwen.
De Claude Zeimes huet och vu Klengem un, wéi hie selwer seet, doheem um ale Piano geklimpert, hie war am Kannerchouer, seng Elteren am Kierchechouer, esou datt och déi Lidder him net friem waren. Déi Lidder, déi an der Mass gesonge goufen, huet hien doheem aus dem Kapp um Piano nogespillt.
Musekalesch goung et weider bei der Huncherenger Musek, wou hie mam Solfège ugefaangen huet a mat 8 Joer koum d’Trompett derbäi.
Weider goung et beim Escher Conservatoire a mat, um Enn, engem Prix supérieur am Solfège an engem éischte Präis op der Trompett.
Gespillt huet hien och an der Escher Stadmusek grad wéi an der Brass Band vum Escher Conservatoire.
Mee wat de Claude Zeimes ausmécht, ass datt hien am Fong fir all Zort Musek op ass, vu Pop, Rock iwwer Klassik, Hiphop bis bei den Jazz.
An hien huet och zimmlech alles ausprobéiert mat senger Hiphop-Grupp Four Impacts.
Oder anere Coverbands wéi d’Flying Peanuts oder Toxic oder nach Peppersplash, eng Red Hot Chilli Peppers-Coverband. An hien ass ee vun de Museker bei der Formatioun Dreamcatcher ronderëm den John Rech.
Musikalesch koum nieft der akustescher Gittar nach de Bass derbäi.
Eng aner Facette ass, datt de Claude Zeimes och eege Musek schreift, Filmmusek ass en Dada vun him, Arrangementer a well déi Musek net nëmmen am Tirang leie sollt, huet hie säin eegene Betrib Musicz.lu gegrënnt. Ee vun de gréisste Projete vum Claude Zeimes bis ewell ass seng Kompositioun vun der Musek fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Osaka a Japan.