Vent frais, vent du matin .... an? A Form fir Iech “Am Buedmantel” mat e wéineg killem Moieswand ze beschäftegen? Keng Angscht, et gëtt net ongemittlech frësch. Dir braucht just Är Oueren ze spëtzen. De Joé Birchen an d’Kerstin Thalau hu sech op engem Januarmoien op d’Sich nom Wand um Klangpad zu Houschent gemaach a si mat sengem Gesank zeréckkomm. Firwat? Ma well de Joé an d’Kerstin an hirer Rubrik Soundatlas momentan déi véier Grondelementer klanglech analyséieren a fir Iech och no Lienen zu Konscht an Alldagskultur sichen.
arrow_back_ios
Soundatlas
Wandstëll ... gëtt et dat iwwerhaapt?
Lauschteren
play_arrow
headphones
7 min
mic_none
Presentéiert vum
- jb-kt_814