E wäissen, uerdentleche Raum. Genuch Plaz fir Tableauen, Skulpturen a Bildschiermer. An och nach déi passend Beliichtung. Esou kéint ee sech den üblechen Espace fir Konschtausstellunge virstellen. Mee wat ass iwwerhaapt den üblechen Espace fir eng Konschtausstellung? An der Expo “Boogie” am Casino Luxembourg experimentéieren déi zwee Curateure Stilbé Schroeder a Charles Rouleau ënner anerem mat genee dëser Fro. An der neier Episod vum Soundatlas wollten d'Kerstin Thalau an de Joé Birchen méi iwwer d'Luucht an der Ausstellung erausfannen an hunn et fäerdegbruecht, datt een d'Luucht, respektiv hire Stroum héiere kann.
arrow_back_ios
Soundatlas
D'Luucht an der Konschtexpo "Boogie"
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min
mic_none
Presentéiert vum
- Joé Birchen