E wäissen, uerdentleche Raum. Genuch Plaz fir Tableauen, Skulpturen a Bildschiermer. An och nach déi passend Beliichtung. Esou kéint een sech den üblechen Espace fir Konschtausstellunge virstellen. Mee wat ass iwwerhaapt den üblechen Espace fir eng Konschtausstellung? An der Expo “Boogie” am Casino Luxembourg experimentéieren déi zwee Curateure Stilbé Schroeder a Charles Rouleau ënnert anerem mat genee dëser Fro. Begrenzt sech d’Konscht op de Raum an deem se sech befënnt? A kann ee Baussen a Bannen eigentlech nach auserneen halen? Dat wëllen d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen an der neier Episode vum Soundatlas erausfannen. Dobäi verloosse sie sech zu engem gudden Deel op d’Geräischer. Iech erwaarde spannend Klangbeispiller, an eng nei Interview-Technik, déi bis elo weltwäit nach ni ugewannt gouf. D’Stilbé Schroeder fänkt u mat engem Sprong duerch d’Zäit.
arrow_back_ios
Soundatlas
Wat bedeit de Raum an der Konschtexpo "Boogie"?
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min
mic_none
Presentéiert vum
- Joé Birchen