D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
headphones
20 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
Rentrée littéraire (9) "Fabriquer une femme" vun der Marie Darrieussecq
Les princesses de Clève

“Schaufensterbummel” a “Lèche-vitrines” ware gëschter
Um Europawale-Weekend feieren den Nationalmusée um Fëschmaart an de Lëtzebuerg City Museum, mam urban history festival zu Bouneweg, Europa: convivial an immersif Evenementer.
Rentrée littéraire (9) "Fabriquer une femme" vun der Marie Darrieussecq
Les princesses de Clève

Alphabet - 26 Miniaturen für eine sich erwärmende Welt
Am Interview mam Regisseur Calle Fuhr a mam Schauspiller Pitt Simon

Faux Real - Zwee franko-amerikanesch Bridder zeréck an de Rotonden
Mat Faux Real geet et vum Rock an den decaléierte Pop. Zanter der Covid-Pandemie ass de Projet opgaange wéi eng Blumm.

Drëtten Urban History Festival
Um Europawale-Weekend invitéiert de Lëtzebuerg City Museum mam Schwéierpunkt “Bouneweg”: och de "klenge" perséinleche Geschichten eng Plaz an hirem historesche Kontext ginn.

"Es gibt Sätze, die vertragen keinen Punkt"
Schreift d'Ulrike Bail an hirer "Rede zur Literatur", déi vum CNL publizéiert gouf.

Impressioune matten aus engem Talent Lab: "Vagabundus" a méi
Den Talentlab vun de Stater Theateren nach dës Woch de Sonndeg, d’Danzstéck “Vagabundus” haut den Owend am Groussen Theater, an den nächsten 3 du 3 den 3. Juli an der Banannefabrik zu Bouneweg
"Mir mussen dat hikréien"
D'Star-Organistin Anna Lapwood wëllt onbedéngt eng Kéier op der Uergel zu Diddeleng spillen. Hire Wonsch geet haut den Owend (04.06.) an Erfëllung.

55. Rencontres de la photo d’Arles: Méi klassesch a manner experimentell
Wéi integréiere sech dem Michel Medinger seng intrigant nature-morte-Fotoen an de Gesamtkontext vum Fotofestival vun Arles 2024?

Gespréich mat der flamännescher Schrëftstellerin Gaea Schoeters
.... iwwer hire Juegdroman "Trophäe" (Zsolnay Verlag): "Ech hunn eng grouss Virléift fir Personnagen, déi op den éischte Bléck net sympathesch sinn"

Kulturagenda
D'Kulturaktualitéit vun der Woch

E Blot Wonner während der "heure bleue" zu München
Vu Solstice zu Solstice: Zënter dem 22. Dezember a bis den 22. Juni performt den Alain Roche op sengem “Piano vertical” iwwer dem Chantier vum zukünftege Konzerthaus zu München.

USINA24
Den Usina 2024 ass muer, 1. a Sonndeg 2. Juni zu Diddeleng op der Neischmelz.

D’Lëtzebuerger Band Francis of Delirium op Nordamerika-Tour
Concert och zu New York an der Mercury Lounge

Library Card - Rockmusek a Vers-Dichtung
Am Gespréich mat der Frontfra an Dichterséil vun der hollännescher Rockband Library Card, der Lot van Teylingen. D‘Band spillt den Owend (30.5.) am Gudde Wëllen.

Positiv Vibes
D‘Hiphop-Legend Masta Ace an de Producer Marco Polo an de Rotonden
Portrait vum Paul Auster
Viru genee engem Mount huet de Paul Auster eis verlooss.

Cannes: De Palmarès ënnert der Lupp
De Jeff Schinker an de Marc Trappendreher analyséieren déi Filmer, déi gewonnen hunn - an nach e puer, déi eidel ausgaange sinn.
