D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
headphones
20 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden

Usina Festival 2024
De Festival zu Diddeleng geet a seng drëtt Editioun mat Cro, English Teacher, Say Yes Dog, Tali a ville méi. Rendez-vous ass den 1. an 2. Juni.
Shortlëscht vum Prix Servais 2024
Am Gespréich mam Sebastian Thiltges, President vum Jury vum Servais-Präis

De Paul Celan an de Jean Portante
De Lëtzebuerger Schrëftsteller huet ausgewielte Gedichter vum Paul Celan op Franséisch iwwersat.

Perfekt onperfekt
Eng Plack, op där souguer d‘Loft am Opnamestudio zum Instrument gëtt - dat ass "Bright Future“, deen neie Solo-Album vun der Big-Thief-Frontfra Adrienne Lenker.

Kulturagenda
Den Nicolas Calmes féiert eis duerch d'Kulturhighlighte vun der Woch.
Endkampf am Schneidetisch
Dem Albert Ostermaier säin "Stahltier. Ein Exorzismus" an enger Inzenéierung vum Frank Hoffmann am TNL

De Weekend am Theater
"Stahltier. Ein Exorzismus" am TNL an "Die Katze Eleonore" am KulTourhaus Hunchereng

Them Lights am Interview
De Sacha Hanlet iwwer seng dräi Joer Residenz an der Kufa - an d'Resultat derhannert

"Le Ciel ouvert" vum Nicolas Mathieu
Wisou dem Goncourt-Präisträger seng éischt Excursioun an d'Autofiktioun nëmme plazeweis geléngt.

Interview mam Julien Hübsch
De Kënschtler iwwer déi nei EP vum Projet Sheebaba, deen hie mat der Nina Bodry an d'Liewe geruff huet.

20 Joer Out of the Crowd
Den Nicolas Pzey Przeor zerpléckt fir eis de Line-Up vun dësem Joer - a geet mat eis op eng musikalesch Rees an déi lescht 20 Festivaljoren.

"Es gibt Sätze, die vertragen keinen Punkt"
Schreift d'Ulrike Bail an hirer "Rede zur Literatur", déi vum CNL publizéiert gouf.

Bach in the Subways 2024
De Mini-Festival hei zu Lëtzebuerg ganz ronderëm dem Bach seng Musek, dësen Donneschdeg, 21.3. an der Stad

Ronn sechs fir de Siren’s Call
Den Atelier-Booker Michel Welter iwwer déi sechst Oplag vum urbane Festival

Am Gespréich mat der Barbara Albert iwwer hire Film "Die Mittagsfrau"
Déi éisteräichesch Regisseurin Barbara Albert huet de Roman "Die Mittagsfrau" vu der Schwäizer Schrëftstellerin Julia Franck verfilmt.

De Klenge Maarnecher Festival 2024
E Museksfestival am Éislek mat laanger Traditioun
D'Theaterregisseurin Sara Goerres am Gespréich
Am Moment gëtt am Kulturhaus zu Hunchereng d‘Stéck "Die Katze Eleonore“ vun der Caren Jess gespillt.

Piano Days 2024
Vum 21. bis de 24. Mäerz am Stater Conservatoire

Kulturagenda
D'Kulturhighlighte vun der Woch
