D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
headphones
20 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
Kaffi oder Téi?
Dës Woch ass de Kaffi dem Jean Portante säi Wuert vun der Woch.

Een Nobelpräisträger am TOL an dat neit Richtung-22-Stéck am Kasemattentehater
"Trahisons" vum Harold Pinter am TOL a "Ween stoppt RTL" vul Kollektiv Richtung 22 am Kasemattentheater

Ass dem Banksy säin Anonymat a Gefor?
Rechtssträit kéint de Banksy forcéieren seng Anonymitéit opzeginn.
Katalin Gödrös am Gespréich
D'Regisseurin vum Film "Jakobs Ross" , enger Amour-Fou-Koproduktioun
Geschichten, Biller a Musek
Am Mierscher Kulturhaus gi Geschichten aus dem E.T.A. Hoffmann sengen "Nachtstücke" mat neier Musek a mat spontane Biller erzielt.

De VR-Pavillon am Neimënster
Eng onvergiesslech Expositioun - wann d’Technik matspillt.
Cities Connection Project am LUCA
Déi nei Expo am Luxembourg Center for Architecture

“En Dram, deen an Erfëllung gaangen ass”
De Lëtzebuerger Trompettist Max Asselborn spillt zanter 2020 am Schweedesche Radiosinfonie-Orchester
IDLES an der Rockhal
No der Rezensioun vun der Plack "Twangk" beschwätze mir de Concert an der Rockhal.

Interview Ikan Hyu
Flying V a beschäftegt Hänn am Gudde Wëllen: Ikan Hyu

Dudelsak, Jazz an en TikTok-Star ...
... an dat a Kombinatioun mat Uergel, gëtt et an der Editioun vun dësem Joer um Festival international d'orgue de Dudelange

Editors am Atelier
Knapp 17 Méint no hirem leschten Optrëtt an der Rockhal waren d'Editors zéréck am Atelier.
IDLES - Den Owend am Atelier mat hirer neier Plack "Tangk"
Idles, iwwersat Faulenzer, heescht déi Band vu Bristol, déi haut den Owend (12.3.) an der Rockhal op Besuch ass.
Terezia Mora am Gespréich
Déi renomméiert ungaresch-däitsch Schrëftstellerin am Gespréich iwwer hiren neie Roman "Muna oder Die Hälfte des Lebens“
Terezia Mora am Gespréich
Déi renomméiert ungaresch-däitsch Schrëftstellerin am Gespréich iwwer hiren neie Roman "Muna oder Die Hälfte des Lebens“

Angela Aux an der Kulturfabrik
Den 13. Mäerz, de Mëttwoch den Owend, ass den Angela Aux zesumme mat senger Band an d‘Kulturfabrik op Esch agelueden. Mir hunn him am Virfeld e puer Froen ze stellen.
