D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
headphones
20 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden

De Palmarès vum CinEast-Festival
Déi 15. Editioun vum CinEast-Festival ass de Weekend op en Enn gaangen. Als beschte Film gouf den ungareschen Drama "Gentle" ausgezeechent.
Wou kënnt d'Wuert "kulturell" hier?
All Mëttwoch proposéiert de Jean Portante am Kultur um 5d'Wuert vun der Woch. Fir déi Kéier hat hie sech um fréiere Numm vum radio 100,7 inspiréiert: de soziokulturelle Radio.
