Radioen

On air

Tockcity  |  Blossoms - I Like Your Look

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Am Gespréich mam Jemp Schuster

Den Auteur vu "Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer" schwätzt iwwer säi Schreifprozess an d'Bedeitung vu sengem aktuelle Wierk.

Yorick Schmit - Weeër a Spueren

Eng Kuerzgeschicht, déi op d'Spuere vum Stammbam am duebele Sënn geet.

Buchkritik: Jemp Schuster - "Ouereschlëffer"

​Zweeten a leschte Band vum Schuster sengem Duerfepos. Wärend den 1. Deel ''Bluttsëffer'' eng Welt opgebaut hat, fält déi am 2. Deel auserneen.

Yorick Schmit - Weeër a Spueren

Eng Kuerzgeschicht, déi op d'Spuere vum Stammbam am duebele Sënn geet.

Dem Orhan Pamuk säin neie Bestseller-Roman

Am Orhan Pamuk senge neie Roman "Pestnächte" fanne sech vill Parallelen zu Corona. Mat e Grond dofir, datt en elo schonn e Bestseller ass?

Dem Orhan Pamuk säin neie Bestseller-Roman

Am Orhan Pamuk senge neie Roman "Pestnächte" fanne sech vill Parallelen zu Corona. Mat e Grond dofir, datt en elo schonn e Bestseller ass?

"Dat alles misst an engem Schauspiller dra sinn"

Extrait aus der Emissioun "E puer Stonne mat der Angela Winkler". Déi däitsch Schauspillerin schwätzt e.a. iwwer d'Villsäitegkeet vun hirem Beruff.

KulturRevolutioun, ëmmer nach?

De leschte B-Radio verpasst? Da lauschtert emol eran: Mee '66 war de Startschoss vun der chineesescher Kulturrevolutioun - a se wierkt bis haut no!

Aus Léift zur Konscht: Pinault-Musée-Aweiung den 22. Mee

Den 22. Mee weit de franséische Milliardär François Pinault zu Paräis säin 3. Musée, mam Numm "Bourse de Commerce-Pinault Collection", an.

Eng nei Emissoun ronderem Literatur

VaLibrairie ass den Titel vun der neier Sendung, an der sech alles ëm d'Buch dréint

Problemer ëm archeologesch Ausgruewungen am Gronn

Ënnert anerem goufen Iwwerreschter vun der eelster Stater Porkierch fonnt... an nees zougeschott. Eng änlech Situatioun wéi zu Iechternach?

Problemer ëm archeologesch Ausgruewungen am Gronn

Ënnert anerem goufen Iwwerreschter vun der eelster Stater Porkierch fonnt... an nees zougeschott. Eng änlech Situatioun wéi zu Iechternach?

D'Eline Benjaminsen an de Kollaps vu Mythologien

De Finanzjargon ass dacks onduerchsiichteg. D'Fotografin Eline Benjaminsen huet seng Etymologien, seng Mythologien, kënschtleresch verschafft.
headphones

4 min

play_arrow

D'Marie Capesius op der Spuer vun Himmel an Hell

D'Fotografin Marie Capesius huet op der franséischer île du Levant eng Aart Paradäis, ma och den Dualismus Himmel an Hell fir sech entdeckt.
headphones

10 min

play_arrow

Theater : Eeler Jonker

A sengem Stéck "Ivanov" spillt den Tschechow mam Topos vum "iwwerflëssege Mënsch".
headphones

5 min

play_arrow

Theater : Eeler Jonker

A sengem Stéck "Ivanov" spillt den Tschechow mam Topos vum "iwwerflëssege Mënsch".
headphones

5 min

play_arrow

Theater in progress...

Ennerwee op de Mierscher Theaterdeeg mat Projeten vun Theatertexter.
headphones

5 min

play_arrow

Dem Wladimir Kaminer seng "Fëscherwäisheeten"

Fir de Wladimir Kaminer si seng Bicher just Visitëkaarten: de Bestseller-Auteur sicht, a léiert duerch, den direkten Échange mat de Leit.
headphones

12 min

play_arrow

Filmkritik: "The Woman in the window" (Netflix)

Dës Verfilmung vun engem rezente Bestseller-Roman erënnert staark un dem Hitchcock säi "Rear Window" a verschidde Filmer vum Dario Argento.
headphones

3 min