Radioen

On air

Notturno  |  Charlotte Haesen - Talk To Me

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Louise Glück - "Wilde Iris" an "Averno"

D'Lieratur-Nobellaureatin stécht an der Géigewaartslyrik wéi e Solitär ervir. Zwee Bicher bidden d'Geleeënheet hir Lyrik ze entdecken.

Servais Präis 2021 geet un d'Ulrike Bail

"Der Ulrike Bail hire Lyrikband 'wie viele faden tief' huet eis a ganz ville Hisiichten immens beandrockt, et ass e Buch vun enger rarer Schéinheet" (Jeanne Glesener)

Buchkritik: "Zoubkoff. Le roman (vrai) d'un séducteur oublié"

En Hochstapler, deen Enn den 1920er d'Schwëster vum fréieren däitsche Keeser bestuet a ruinéiert hat, éier hie selwer zu Lëtzebuerg zugronn goung.

D'Oscaren - Lëtzebuerg ouni gëlle Statu

Déi nominéiert Lëtzebuerger Co-Produktioune ginn ouni Statu heem: de lëtzebuergesch-rumänesche Film *Collective" an den iresch-lëtzebuergeschen Animatiounsfilm "Wolfwalkers".

Servais Präis 2021 geet un d'Ulrike Bail

"Der Ulrike Bail hire Lyrikband 'wie viele faden tief' huet eis a ganz ville Hisiichten immens beandrockt, et ass e Buch vun enger rarer Schéinheet" (Jeanne Glesener)

Louise Glück - "Wilde Iris" an "Averno"

D'Lieratur-Nobellaureatin stécht an der Géigewaartslyrik wéi e Solitär ervir. Zwee Bicher bidden d'Geleeënheet hir Lyrik ze entdecken.

"Culture.lu" ass iwwerschafft ginn

Den Internetsite krut en neien Outfit a méi breet gefächert Contenuen. Nieft de Professionelle soll en och elo de grousse Public uschwätzen.

En Owend mam Auteur Romain Butti um LiteraTOUR 2021

"Ech fänken u selwer ze schreiwen, well ech Angscht hat, d'Freed um Liesen ze verléieren".

Theater: De ganz normale Wansinn

Wann e Mënsch schwéier psychesch krank gëtt, leit déi ganz Famill mat. Am Stéck "Pas un pour me dire merci" huele sech d'Renelte Pierlot a Jean Bürlesk dësem Theema un.

D'"Providencia" duerch d'Lëns vum Daniel Reuter

De Lëtzebuerger Fotograf a Wal-Islänner Daniel Reuter gouf mam Projet "Providencia" fir déi renomméiert Rencontres d'Arles selektionéiert .

Jäizeg wäiss Autoportraite vum Marc Wilwert am Kamellebuttek

"Alles, wat ech gesinn si just nach ech. Eleng. All eleng". No dësem Constat huet de Marc Wilwert 2020 mat Autoportraiten ugefaangen.

Jäizeg wäiss Autoportraite vum Marc Wilwert am Kamellebuttek

"Alles, wat ech gesinn si just nach ech. Eleng. All eleng". No dësem Constat huet de Marc Wilwert 2020 mat Autoportraiten ugefaangen.

Historiker Marc Ferro gestuerwen (1924-2021)

De Marc Ferro war en international unerkannte Spezialist vu Russland, der Sowjetunioun, der Kolonialgeschicht a vum Kino als historesch Quell.

E besonnesche Bonbon am Escher Kamellebuttek

"CoronArt": am Escher Kamellebuttek presentéieren 32 Kënschtler mat Molerei, Foto, Skulptur, Installatiounen ...hir Vuen op d'Joer 2020.

Alfredo Soderguit - An do koumen d'Capybaraen

E beréierend an intelligent Kannerbuch op Lëtzebuergesch, iwwersat a bei Capybarabooks erauskomm.

Alfredo Soderguit - An do koumen d'Capybaraen

E beréierend an intelligent Kannerbuch op Lëtzebuergesch, iwwersat a bei Capybarabooks erauskomm.

Filmkritik: "An Zéro"

Wat geschitt mat Lëtzebuerg nom potentiellen Eeschtfall zu Cattenom? An deem hybride Film léise sech Aschätzunge vun Experten a fiktiv Zeenen of.

En Owend mam Auteur Romain Butti um LiteraTOUR 2021

"Ech fänken u selwer ze schreiwen, well ech Angscht hat, d'Freed um Liesen ze verléieren".

Theater: De Sex vu sech selwer Friemen

Emotional Ofhängegkeet ass näischt Schéines. Am Stéck "Sex With Strangers" verfält eng zukünfteg Schrëftstellerin engem narzisstesche Bestseller-Auteur.

Theater: De Sex vu sech selwer Friemen

Emotional Ofhängegkeet ass näischt Schéines. Am Stéck "Sex With Strangers" verfält eng zukünfteg Schrëftstellerin engem narzisstesche Bestseller-Auteur.