
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Europa Aktuell
Episoden


Orban schneit net gutt of
An der direkter Konfrontatioun war de Viktor Orban der Ursula von der Leyen ënnerleeën, mengt eis EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Viktor Orban am Europaparlament
Den ungaresche Premier stellt de Programm vu senger EU-Presidence vir an enger Debatt am Europaparlament.

Grenzkontrollen am Schengeraum: Wéini reagéiert d'EU-Kommissioun?
Vill Versteesdemech fir Länner, déi nees Grenzkontrollen aféieren, ma och Kritik un der EU-Kommissioun, déi just nokuckt - gouf et am Europaparlament.
Regierungserklärung a Frankräich
Europa huet dës Woch ënnert anerem op Frankräich gekuckt: Den neie Premier Michel Barnier huet Ufank der Woch nämlech seng Regierungserklärung gemaach.

Komplizéiert Koalitiounsgespréicher an Ostdäitschland
Mir froen eise Korrespondent Matthias Kirsch, wéi schwiereg et ass Koalitiounen ouni d'AfD op d'Been ze stellen.

Regierungserklärung Michel Barnier
Gëschter Nomëtteg huet de franséische Premier Michel Barnier an der Assemblée nationale seng Regierungserklärung presentéiert a skizzéiert, wat seng Regierung an den nächste Méint a Jore plangt.

Lisbonne lance un plan de drainage pour éviter les inondations
Plan de drainage de Lisbonne
De Poopst an d'EU: keng einfach Relatioun
De Chef vun der Kathoulescher Kierch an d'Europäesch Unioun si sech nach laang net an allem eens, constatéiert den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF.

Neit EU-Gesetz géint Ofholze vu Bëscher kéint verluecht ginn
Déi nei Reegele wieren ee "bürokratescht Monster", seet déi Europäesch Vollekspartei, an de Christophe Hansen kritiséiert d'Europäesch Kommissioun.

De Wollef: Schutz-Status an der EU kéint geännert ginn
Lëtzebuerg ralliéiert sech deene Länner, déi de Schutzstatus vum Wollef an der EU labbere wëllen. Wat heescht dat fir déi europäesch Positioun?
Déi nei EU-Kommissioun, kritesch analyséiert
Den Olivier Hanrion vun RTBF stellt fest, datt déi nei Kommissioun wäit ewech ass vun engem paritéitesche Gremium, an datt et hir thematesch virun allem ëm eppes geet: d'Kompetitivitéit vun der europäescher Wirtschaft.

Wat ass iwwer déi nei franséisch Regierung gewosst?
Hannergrënn mat eisem Frankräich-Korrespondent Max Tholl

Powerplay an der neier EU-Kommissioun
D'Ursula von der Leyen huet wëlles, d'EU-Kommissioun ëmzestrukturéieren. Bis elo gëtt et vill Interpretatiounsspillraum dofir, wie fir wat zoustänneg ass.

Nicolas Schmit
De Spëtzekandidat vun den Europäesche Sozialiste reagéiert op d'Nominatioun vum Christophe Hansen als EU-Kommissär.
Reaktiounen aus dem Europaparlament
Gëschter (17.9.) gouf d'Ekipp fir déi nächst Europäesch Kommissioun presentéiert. D’Ursula von der Leyen schéngt et fäerdeg bruecht ze hunn, déi verschidde politesch Borden zefridden ze stellen.

Nei EU-Kommissioun: Annonce haut am Europaparlament?
D'Ursula von der Leyen huet Rendez-vous mat de Fraktiounscheffen am Europaparlament, fir déi nei Kommissioun virzestellen. Ob et awer zu detailléierten Annoncë kënnt, ass nach net kloer.
Patriote fir Europa fuerderen een Enn vum Cordon sanitaire
Mat de Patriote fir Europa gouf eng nei Fraktioun um riets-extreeme Bord am Europaparlament gegrënnt. Si ass bis elo deen drëtt-stäerkste Grupp a kéint weider wuessen.

Wéi geet et no de Walen a Frankräich weider?
A Frankräich regéiert de Moment virun allem d’Ongewëssheet. Et ass schwéier virauszesoen, wéi déi nächst franséisch Regierung wäert ausgesinn.
