D’Europäesch Vollekspartei huet zesumme mat de Fraktioune vum rietsen a rietsextreeme Bord - schonn zanter enger Zäit den Ëmwelt-Programm LIFE vun der Europäescher Kommissioun am Viséier. ONGen, déi dovu profitéieren, kréie reprochéiert, si géifen EU-Sue mëssbrauche fir Lobbyaarbecht, zum Beispill, bei Europadeputéierten ze maachen.
Beweiser gëtt et dofir bis elo keng - a gëschter ass eng net contraignant Demande vun der EVP, de Programm op de Leescht ze huelen, am Europaparlament net duerchgaangen.