Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.
arrow_back_ios
Kultur
Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Nei am Kino
De Michel Delage mam Iwwerbléck vun der neier Filmwoch an éischten Informatiounen iwwer de Luxfilmfest.
Di lescht indesch Postkaart vun eisem Auteur Guy Helminger kënnt vu Kolkata.
De Schrëftsteller Guy Helminger ass zu Kolkata a Westbengale gelant, wou e Literaturfestival stattfënnt, e Kontrastprogramm zu enger Stad, déi vill Aarmut weist.

Ze wéineg Lëtzebuerg?
Ee Réckbléck op d'Eurovisioun mam Chris Reitz, Präsident vun der Fédération Luxembourgeoise des Auteurs et Compositeurs
D'Florence Martin verléisst United Instruments of Lucilin
Iwwer zéng Joer war si Co-Directrice vum Ensembel. Mee elo geet et weider mat engem neie Posten als Directrice artistique.
Kid Colling Cartel: "Living on the Wild Side"
De Kid Colling Cartel bréngt sain 2. Album "Living on the Wild Side" de Freiden an der Rockhal eraus.
Lucilin in the City: Sounds in Space
Den Ensembel United Instruments of Lucilin luet nees op en aussergewéinleche Concert mat zäitgenëssescher Musek an.
De Flavien Berger am Atelier
En aussergewéinleche Concert tëschent Chanson française an Electro-Pop
Dem Guy Helminger seng Impressioune vu Rajasthan
De Schrëftsteller Guy Helminger fiert duerch Rajasthan am Norde vun Indien, wou grad gewielt a gefeiert gëtt.
"Forced Amnesia"
Der Mary-Audrey Ramirez hir nei Expo am Casino: Sech d’Welt esou maachen, wéi se engem gefällt? D’Mary-Audrée Ramirez ka guer net anescht.

De Paul Celan an de Jean Portante
De Lëtzebuerger Schrëftsteller huet ausgewielte Gedichter vum Paul Celan op Franséisch iwwersat.

Raymond Schaack - Im Banne des Unendlichen
Haiku an Illustratiounen iwwer Kontinuitéit a Bestännegkeet

Um seidene Fuedem vun der Memoire
An enger neier Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire vum Januar. Den Ufank mécht den Debutroman "Ceux qui appartiennent au jour".

Kloer, Kierchbierg: dee kennt een? En neie Bléck op Bekanntes kann ni schueden.
Beim Christian Aschman senger Fotoserie iwwer de “Kierchbierg 2022-2023” freet ee sech plazeweis, wou een drun ass, esou ongewinnt sinn dem Fotograf seng Perspektiven.

Flavien Berger: “Ma musique est un passeport pour voyager dans les univers des autres gens”
De Pop-Chansonnier spillt muer den Owend (1.2.) e Concert zu Hollerech am Atelier.

Den Étienne Duval léisst de Rotonden hiert Banneliewen iwwer de Plackenteller dréien
Den Architekt, Kënschtler a Museker Étienne Duval huet fir d’Expo “Turn on!” säin éischte Phonotrop kreéiert.
D'Wuert vun der Woch
Meeschtens gëtt een um Divan analyséiert, dës Woch awer analyséiert de Schrëftsteller Jean Portante den Divan a seng linguistesch Originnen.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der neier Kinowoch mat ënner anerem "The Zone of Interest", "Conann" oder nach "lI primo giorno della mia vita"
