Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.
arrow_back_ios
Kultur
Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Nea Lone: Neien Uergel-Pop vu Lëtzebuerg
Uergel spillen ass an der Musekswelt seelen, an enger Lëtzebuerger Reggae-Band ze spillen och. D'Nadia Prange, bekannt aus Fred Barreto Group a Le Vibe, geet Solo als Nea Alone.
Konscht a Virtual Reality
D'Kënschtlerin Dominique Gonzalez-Foerster an de Chercheur Jean Botev fannen, datt d'VR an der Konscht e bal therapeuteschen Effekt kann hunn.
Nei am Kino
Wéi eng Filmer lafen am Kino un? E Bléck duerch de Programm
Prix Servais fir de Jérôme Quiqueret
Dee franséisch-lëtzebuergeschen Auteur an Tageblatt-Journalist gëtt belount fir "Tout devait disparaître" (Capybarabooks).
D'Wuert vun der Woch: Ouschterhues
Un Ouschtere leeën Huesen Ouschtereeër; hautdesdaags déi meescht esouguer aus Schockela?! Gutt datt de Jean Portante weess, wéi et dozou koum.
Ass korsesch eng literaresch Sprooch?
Déi Fro ass mam korsesche Schrëftsteller Jean-Yves Acquaviva beschwat ginn.
Opus 78 : Nei Kompositioune fir Big Band, déi Zweet!
2022 war ee gutt Joe fir d'Big Band Opus 78. Den Ensembel huet der UGDA hiren Europäesche Concours vun de Big Bands gewonnen a gouf vum Kulturministère geéiert.
Nei am Kino
Wéi eng Filmer lafen dës Woch un? E Bléck iwwer de Programm
