Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Hot Chip - Hungry Child (Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ E Freideg den 13., Nobelpräisser an eng Waasserrackéit

E Freideg den 13., Nobelpräisser an eng Waasserrackéit

headphones

16 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Et ass de leschte Freideg den 13. fir dëst Joer. En Dag virun deem vill Mënschen Angscht hunn, well se mengen et wär en Dag deen Ongléck a Päsch bréngt. Mee ass dat dann och esou? Déier Fro gi mer an dëser Kannerkëscht emol op d’Spuer. Am Oktober ass ëmmer Zäit vun den Nobelpräisser. D’Nobelpräisser si ganz wichteg Präisser déi all Joer u Mënschen oder Associatioune verdeelt ginn, déi sech fir d’Mënschheet asetzen oder probéieren d’Mënsche weider ze bréngen. D’Iddi vun de Nobelpräisser hat de schwedeschen Erfinder Alfred Nobel. Um Enn ass d’Michele Weber vun FNR fir dech do a proposéiert der en Experiment mat enger Waasserrakéit. 

An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht

Episoden