Echo and the Bunnymen live 05.04.2024 - 21h00 D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
Bob and Jesus 22.03.2024 - 21h00 Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
One day a ship comes in … 15.03.2024 - 21h00 … séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
The Cure live 01.03.2024 - 21h00 Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
Vertounte Geschichten 09.02.2024 - 21h00 Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
D + IR 02.02.2024 - 21h00 D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
1968 12.01.2024 - 21h00 Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
Special David Bowie 05.01.2024 - 21h00 Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
Erëmhéieren oder entdecken x 23! 29.12.2023 - 20h00 1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
Let’s go live! 22.12.2023 - 21h00 Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
David Crosby live 08.12.2023 - 21h00 De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
The Jayhawks live 01.12.2023 - 21h00 The Jayhawks kommen aus Minnesota a sinn zanter 1984 Vertrieder vum Alternative country, enger Mëschung aus Folk, liichtem Rock a Songwriting.
Special Rolling Stones 03.11.2023 - 20h00 Mam neien Album “Hackney Diamonds“ sinn d’Rolling Stones erëm an aller Mound an Ouer! Mir proposéieren e Réckbléck op hir Karriär, déi virun enge 60 Joer ugefaangen huet.