arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Beats and Songwriting

Beats and Songwriting

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

De Baxter Dury ass de Fils vum Ian Dury, bekannten englesche Museker a Schauspiller, deen an de spéide 70er Jore bekannt gouf, an der Zäit vum Punk an der New Wave Ära. Den Apel fält net wäit vum Bam ...

Blues, R&B a Roots-Musek fannen zesumme beim Fantastic Negrito. Mir lauschteren den amerikanesche Singer-Songwriter vum Album “Please Don't Be Dead”, hie wäert dëse Summer och an Europa touren, dat noost fir eis ass de Beach Festival zu Nieuwpoort an der Belsch den 19. Juli.

A Certain Ratio ass eng Post-Punk Band, déi 1977 zu Manchester gegrënnt gouf. Si kënnegen en neien Album fir den Abrëll un.

De Beatmaker Guts, dee mir vun Alliance Ethnik kennen, ass um Album “Philantropiques” vun enger Live-Band ëmginn, an hei héiere mir e Carrefour vu villen Influenzen.

Den hawaiianeschen Ukulele-Virtuos Jake Shimabukuro ass zesumme mam amerikanesche Gittarist a Bassist Dave Preston an der Interpretatioun vum wuel bekannten “Use Me” (Bill Withers) aus dem Joer 1972.

Eng sexy Stëmm, eng Gittar, poetesch Gedanken … dës minimalistesch Formule vum belsche Museker Loverman beréiert! Den James de Graef, wéi de Bréisseler mam richtegen Numm heescht, huet de leschten Oktober säin Debutalbum “Lovesongs” verëffentlecht.

E gudde Singer-Songewriting an nach eng weider schéi Stëmm ass déi vum Josh Haden, Fils vum bekannten Jazz-Bassist Charlie Haden: Entschleunegung puer mat senger Band Spain.


Playlist:

1. Baxter Dury - Slumlord - The Night Chancers

2. Fantastic Negrito - Bad Guy Necessity - Please Don't Be Dead

3. A Certain Ratio - Houses In Motion (Demo Ver. 1) - Acr:Box

4. Guts - Já Não Há Mais Paz (feat. Catia Werneck) - Philantropiques

5. Joseph Malik - Tavistock - Diverse, Pt. 3

6. Obongjayar - Soldier Ant - Which Way is Forward?

7. Jake Shimabukuro - Use Me (feat. Dave Preston) ['18 Live] - The Greatest Day

8. Thomas Dybdahl - This Love Is Here to Stay - What’s Left Is Forever

9. Erik Truffaz - Lonesome Cowboy (feat. Stone Jack Jones) - Clap!

10. Ane Brun, Sivert Høyem - Prisoner of the Road

11. Loverman - Candyman - Lovesongs

12. Spain - Ray of Light - The Blue Moods of Spain

Episoden

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow