Europa Aktuell
/ Bréissel: Gesetz iwwer Numérisation inclusive suergt fir Diskussiounen
Bréissel: Gesetz iwwer Numérisation inclusive suergt fir Diskussiounen
4 min
Seng Kanner an der Schoul aschreiwen, eng Aarbecht sichen … fir d‘Leit, déi zu Bréissel wunnen, gëtt dat alles online gemaach. An de Verwaltunge ginn de Pabeier an d‘Guichete rar. Am Parlament gouf e Freideg ee Gesetz gestëmmt, dat d‘Digitalisatioun engersäits besser encadréieren, mee anerersäits awer och weider verstäerke soll. Den Text setzt sech fir eng Inclusion numérique an, mee e suergt fir vill Diskussiounen. Honnerte vun Associatiounen an Dausende vu Bierger:inne verlaangen, datt en zeréckgezu gëtt. E Freideg gouf dowéinst virum Parlament zu Bréissel demonstréiert.