arrow_back_ios
Europa Aktuell
Brittesche Postskandal: Neie Moment duerch Tëlees-Serie
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Am Post-Skandal a Groussbritannien goufen tëschent 700 an 900 Responsabeler vu Postbureauen ugeklot, verschiddener vun hinne wéinst Vol a Fälschung an der Comptabilitéit verurteelt. Dobäi huet sech erausgestallt, datt de Computerprogramm, deen tëschent 1999 an 2015 agesat gouf, net richteg funktionéiert huet. Et war eng Serie op der Tëlee vun der privater Chaîne ITV, déi dofir gesuergt huet, datt d'Regierung d'Saach an d'Hand huet missen huelen.