arrow_back_ios
Europa Aktuell
Dréchent ouni Enn am Nordoste vu Spuenien
A Spuenie falen d‘Temperaturen esou lues op Wanterniveau erof. Mee: et fält kaum eng Drëps Ree vum Himmel. Virun allem am Nordoste vum Land - ronderëm Barcelona - huet sech eng Dréchent breet gemaach, déi keen Enn schéngt ze hunn. Zanter dräi Joer scho feelt do de Reen. Sollt et dobäi bleiwen. muss am Januar do den Noutstand ausgeruff ginn - eng Katastroph fir d'Landwirtschaft. Explikatioune vun eiser Korrespondentin op der Plaz, Aurélie Chamerois