Europa Aktuell
EU-Orban: Huet seng Erpressung Succès?
Haut kéint d’Europäesch Kommissioun EU-Fongen fir Ungarn an Héicht vun 10 Milliarden Euro fräischalten. D’Sue ware blockéiert - wëll Ungarn an den Aen vu Bréissel de Prinzip vum Rechtsstaat net respektéiert.
D’Décisioun kënnt een Dag vrum EU-Sommet, op deem den ungaresche Premier Viktor Orban riskéiert am Mëttelpunkt ze stoen. Dat wëll seng Regierung bei e puer EU-Projeten schonn am Virfeld vun deem Sommet säi Veto annoncéiert huet. Enner anerem ass déi ungaresch Regierung kategoresch dergéint, datt d’Ukrain weider finanziell ënnerstëtzt gëtt - an datt dÊU Bäitrëttsgespräicher mat der Ukrain ufänkt.
Virwat sollen grad elo déi agefroure Fonngen fräigeschalt ginn? Wat huet dat mam EU-Sommet ze dinn? Dat froen mer elo eis EU-Korrespondentin Danièle Weber
Presentéiert vum
- Daniele Weber