arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Parlament wëllt géint Antibiotikaresistenz virgoen
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Medikamenter déi knapps oder ze deier ginn, Antibiotiquen, déi net méi wierken - d’Europäesch Unioun huet wëlles eppes dogéint ze ënnerhuelen. Am EU-Parlament gouf dee sougenannte Pharmapak ugeholl. En ëmfaasst zwee nei Gesetzer, déi Medikamenter méi liicht zougänglech a méi abordabel maachen. Virgesi sinn och Mesuren, déi den Asaz vun Antibiotiquë méi streng reegelen, an déi dofir suerge sollen, datt et méi attraktiv fir d’Hiersteller gëtt, neier ze entwéckelen.
mic_none
Presentéiert vum
- Daniele Weber