Europa Aktuell
EU lancéiert Debatt iwwer Zukunft vun de Baueren
1 min
Wéi eng Zukunft wëllt d’Politik fir d’Baueren an Europa? Doriwwer hu gëschter (23.1.) d’Agrarministeren aus de 27 EU-Länner diskutéiert.
Op engem Moment, wou a Frankräich an an Däitschland onzefridde Baueren op d’Strooss gi fir géint déi an hiren Aen ëmmer méi haart Aarbechtskonditiounen an d’Sträiche vu Subsiden ze protestéieren.
Zu Bréissel schéngt ee sech bewosst ze sinn, datt et Diskussiounsbedarf gëtt, iwwer d’Roll vun de Baueren an eiser Gesellschaft. Just: wou genee soll ugesat ginn, fir eventuell Saachen anescht ze maachen, ass nach net kloer.
Presentéiert vum
- Daniele Weber