Europa Aktuell
EU wëll géint illegalen Drogenhandel virgoen
4 min
Um europäeschen Droge-Marché kommen ëmmer méi an och ëmmer méi verschidden illegal Drogen un. Ee groussen Deel vun den illegalen Droge kënnt iwwert déi Europäeschen Heefen eran. Zejoert goufen eleng zu Antwerpen 110 Tonne Kokain saiséiert, zu Rotterdam waren et 50 Tonnen. Et ass dovun auszegoen, datt dat just ee kléngen Deel ass vun deem, wat wierklech do ukënnt. D’Europäesch Kommissioun stellt muer een Aktiounsplang fir, bei dem ee neien Ulaf soll geholl ginn, fir den Drogenhandel ze bekämpfen.
OFSO
Presentéiert vum
- Daniele Weber