Europa Aktuell
"Et war eng Walkampf-Ried fir d'EVP"
4 min
D’Cheffin vun der Europäescher Kommissioun Ursula von der Leyen huet gëschter am Europaparlament hire Programm fir dat lescht Joer vun hirem Mandat presentéiert. An hirer Ried zur Lag vun der Unioun ass si vum Klimaschutz iwwer d’Migratioun an d’Erweiderung vun der EU op déi grouss Erausfuerderungen agaangen, déi an deene Méint ustinn.
Den Elephant am Raum - nämlech d’Fro, ob si selwer Ambitiounen huet op hirem Posten ze bleiwen, gouf an hirer Ried net ugeschnidden.
D’Danièle Weber iwwer de Speach vu gëschter, deen trotzdeem vu villen als eng Walkampfried ugesi gouf.
Presentéiert vum
- Daniele Weber