Europa Aktuell
Europawahlen: Spëtzekandidaten-Debatt zu Maastricht
4 min
Aacht EU-Politiker:innen - fënnef Männer an dräi Fraen - stounge sech gëschter Owend an enger éischter ëffentlecher Debatt tëschent Spëtzekandidate fir d’Europawahlen géintiwwert. Annerhallef Stonn laang hu si op Invitatioun vum Magazine Politco zu Maastricht méi oder manner engagéiert iwwert Klima, Sécherheet an Demokratie diskutéiert.
Esou ee richtege Gewënner gouf et um Enn net - wann och d’Chrëschtdemokratin an aktuell Cheffin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen an de Gréngen Spëtzekandidate an Europadeputéierten Bas Eickhout am meeschten erausgestach hunn.
Presentéiert vum
- Daniele Weber