Europa Aktuell
/ Europawalen: Den Nicolas Schmit ass Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialdemokraten
Europawalen: Den Nicolas Schmit ass Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialdemokraten
4 min
Virun zwee Deeg, also e Samschdeg, huet d’Partei vun den europäesche Sozialdemokraten op hirem Kongress zu Roum den aktuelle Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit offiziell als hire Spëtzekandidat fir d’Europawalen am Juni nominéiert. De 70 Joer ale Sozialist ass domat deen eenzege Spëtzekandidat fir d‘PES fir d’Europawalen am Juni. Am Walkampf wëllt sech de fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister virun allem och dem Kampf géint e Rietsruck an der politescher Landschaft verschreiwen.
Presentéiert vum
- Marlène Clement