Frankräich wäert wuel als éischt Land op der Welt d’Recht op Ofdreiwung a seng Constitutioun aschreiwen. Zil ass et, dat Recht ze protegéieren.
Gëschter Owend koum et am Sénat zum decisive Vott, dat nodeems ee Wuert am Gesetzestext fir vill Diskussioune gesuergt hat. Elo muss just nach de Congrès gréng Luucht ginn.