Europa Aktuell
Frankräich: och d'Reform vun der Stierfhëllef ass ëmstridden
Déi franséisch Politik stécht nach matten am Chaos an der Suite vum Vott vum ëmstriddenen Immigratiounsgesetz, mee elo kënnegt sech schonn eng weider Reform un, déi fir vill Konflikter an Debatte suergen dierft. Rieds ass vun der Stierfhëllef, déi den Emmanuel Macron zanter enger Zäit wëllt op de Leescht huelen. Am Februar soll en éischten Entworf presentéiert ginn, elo awer koume scho vereenzelt Detailer eraus, déi fir Kritik suergen. Et soll een d‘Kand beim Numm nennen, hei géif et ëm méi wéi Stierfhëllef goen - seet zum Beispill de Medezinner a Sénateur Bernard Jomier.