Europa Aktuell
Gréng Luucht fir d'Renaturéierungsgesetz
4 min
D’EU-Memberlänner hu gëschter um Kierchbierg de Wee fräigemaach fir e Gesetz dat virgesäit bis 2030 op d’mannst 20 Prozent a bis 2050 90 Prozent vu Land a Waasser ze renaturéieren. Och den Ëmweltminister Serge Wilmes war present an huet, wéi ugekënnegt, fir d’Gesetz gestëmmt. Sechs Länner waren dogéint, dorënner Italien, Schweden a Finnland, a just d’Belsch huet sech enthalen. Et huet laang esou ausgesinn, wéi wann déi néideg Majoritéit net géif zesummekommen - mee well Éisträich kuerzfristeg seng Meenung geännert huet, koumen awer genuch Stëmmen zesummen.
Presentéiert vum
- Ana Angel