Et gëtt kee Grond méi, fir den Import vu Kären aus der Ukrain ze limitéieren - dat hat d’Europäesch Kommissioun de leschte Freideg festgestallt. Bréissel huet d’Restriktioune vum Import a fënnef EU-Länner opgehuewen.
Dräi vun hinnen, nämlech Polen, d’Slowakei an Ungarn hunn awer decidéiert, sech doriwwer ewechzesetzen - si wëllen och an Zukunft verschidden Importer aus der Ukrain limitéieren. Dee Schratt gouf gëschter (18.9.) vun anere Länner, dorënner Lëtzebuerg, schaarf kritiséiert. D’Kommissioun geréit elo ënner Drock - si misst dofir suergen, datt de Bannemarché nees voll funktionéiert, esou d’Fuerderung. Detailer vu Bréissel mam Danièle Weber