A Spuenie stinn déi katalounesch Independentisten nees am Zentrum vun der Politik. Deen nächste Premier brauch hir Stëmme fir op eng Majoritéit ze kommen. Dowéinst si si amgaang ze verhandelen, wat si dofir als Géigepartie kréien kéinten.
Gëschter hunn um Dag vum nationale Feierdag a Katalounien méi wéi 100.000 Independantisten zu Barcelona manifestéiert. Si sinn net onbedéngt zefridde mat de Fuerderungen vun hire Leaderen.