arrow_back_ios
Kultur um 5
Kultur um 5
headphones
51 min
Lauschteren
play_arrow
Beim Wuert vun der Woch bréngt de Jean Portante dës Kéier e bësse Faarf an d'Spill. Hien huet sech nämlech ugekuckt, wou d'Wuert "blo" hierkënnt.
Da war gëschter d'Pressekonferenz zu der Lëtzebuerger Participatioun un der Biennale zu Venedeg, déi am Abrëll ufänkt. De Jeff Schinker war dohinner an huet eis Impressioune matbruecht.
An dann hu mir nach Besuch am Kultur um 5: d'Schrëftstellerin Nathalie Jacoby an den Auteur Samuel Hamen. Si diskutéiere muer am CNL, ënnert anerem iwwert hire Schreifprozess.
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté