Kultur um 5
Kultur um 5
55 min
Dëst Joer feiert d’Mierscher Kulturhaus den 20. Gebuertsdag. D'Marie Trussart schwätzt mat der Dirigentin Corinna Niemeyer iwwer de Concert vum OCL, an deem et ë. a. ëm "komesch Villercher" geet.
"Free Now“ ass ee Lidd vun der lëtzebuergescher Musikerin Naomi Ayé, enger talentéierter Teenagerin mat groussen Ambitiounen. De Marc Clement ass virwetzeg.
Mam Valerija Berdi geet rieds iwwer "im halblichten geäst deines atems", dat neit Wierk vun der Ulrike Bail.
De Jean Portante befaasst sech mam Ausdrock "E gudde Rutsch" am Kader vum Wuert vun der Woch.