Kultur um 5
Kultur um 5
54 min
Wat ass dës Woch an de Lëtzebuerger Kulturhaiser lass? D'Valerija Berdi verréit et eis an huet de kulturellen Agenda mat derbäi.
A sengem Buch “Thomas Bernhard: Eine manieristische Weltverblüffung” aus dem Iudicium Verlag weist de Frank Schwamborn, wéi eng Ausprägungen d’Schreiwe vun deem Auteur charakteriséieren, deen als ee vun de bedeitendste Vertrieder vun der éisträichescher Literatur ugesi gëtt. Wat schlussendlech de Stil vum Thomas Bernhard ausmécht, verréit de Léon Rinaldetti.
An da geet et nach an den Theater. Den Nicolas Calmes huet nämlech "Beethovens Geist" am TNL gesinn an huet Impressioune matbruecht.
Presentéiert vum
- Pit Walté