Kultur um 5
Kultur um 5
54 min
Muer um Mëttwoch lafen déi nei Filmer an de Kinoen un. Dofir ass de Michel Delage am Studio a gëtt en Iwwerbléck, op wat mir eis freeë kennen.
Da maache mir mat der Sendung och e Stopp am Mudam. Déi hunn do eng riseg Sammlung, déi ëmmer nees gewise gëtt, op alle Fall mol zum Deel. Fir déi aktuell Expo "deep deep down" sollt awer déi komplett Sammlung an hirer Globalitéit intellektuell a physesch gräifbar gemaach ginn. D'Kerstin Thalau hëlt eis mat dohinner.
An dann huet d'Fondatioun EME och dëst Joer nees hire Projet "Musek schenken" lancéiert. Hei kann ee Frënn a Famill fir d'Chrëschtdeeg e klengen, private Concert offréieren. D'Mare Schockmel huet sech doriwwer mat der Christine Bausch, Project Manager bei der Fondation EME, ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Pit Walté