Kultur um 5
Kultur um 5
Vum 2.-18. November war den traditionellen Hierschtsalon vum Cercle Artistique de Luxembourg, kuerz CAL, am Tramsschapp um Lampertsbierg. An deem Kontext goufen zwee wichteg CAL-Präisser annoncéiert: de Prix Révélation fir de Pit Riewer an de Prix Grand-Duc Adolphe fir de Julien Hübsch. Deen ass haut bei eis am Studio fir iwwer dës Auszeechnung ze schwätzen an op säi perséinlecht Joer 2023 zeréckzekucken.
An da geet et nach ëm ”Es war nicht die Zeit”, e Wierk vum serbesch-däitsche Lyriker Kito Lorenc, deen a senge Gedichter idyllesch Momenter mat politescher a gesellschaftlecher Ëmwälzung verbënnt.
Presentéiert vum
- Pit Walté