Kultur um 5
Kultur um 5
55 min
E Chinees huet missten deen éischte Mënsch sinn, deen den Daach vun der Welt - also d'Spëtzt vum Mount Everest - iwwer déi tibeetesch Säit géif erreechen. Dat war d'Ambitioun, ufanks den 1960er Joren, vum kommunistesche Regimm ënner dem Mao Tse-tung. De franséischen Aventurier Cédric Gras erzielt des opwänneg ideologesch Entreprise a sengem Buch "Alpinistes de Mao". De Michel Delage hat d'Geleeënheet mat him doriwwer ze schwätzen.
An da schwätze mir iwwert de Film "Flora and Son", deen neie Film vum John Carney. Wéi gewinnt beim Regisseur, spillt hei Musek eng grouss Roll.
Presentéiert vum
- Pit Walté