Kultur um 5
Kultur um 5
55 min
D’Preparatioune fir déi 22. Nuit des Musées vun de Stater Muséeën, dëse Samschden, lafen op Héichtouren. Zum Beispill sinn d’Membere vum Kollektiv Mnemozine am gaangen, ee Klangparcours am Keller vum Casino an der Ënneschtgaass opzeriichten. D’Kerstin Thalau hat versicht, iech an dësem Kontext, an enger kuerzer Serie, d’Klangkonscht méi no ze bréngen. Een Deel feelt nach an dee gëtt et haut.
Dëse Sonndeg gëtt et nees en neien Episod vum B-Radio hei um radio 100,7. De Sujet des Kéier ass de Stock-Car, en typesch Lëtzebuerger Motorsport. Am Kultur um 5 kréie mer en éischten Abléck an déi nei Editioun vum B-Radio.
Den Arthur Clees spillt Vibraphon, Batterie, séngt a schreift. Als Member vun der Band Jambal kenne Leit, déi sech fir de Jazz -Crossover-Beräich interesséieren, hie villäicht scho méi laang. De jonke Lëtzebuerger, deen zu Dresden Kompositioun am Jazz-a Pop-Beräich studéiert bréngt dann haut och eng Solo-Plack eraus, an déi mer dann och eralauschteren.
Presentéiert vum
- Pit Walté