Kultur um 5
Kultur um 5
Haut huet eis d'Nouvelle erreecht, datt den Armand Strainchamps no kuerzer Krankheet mat 68 Joer gestuerwen ass. Mir erënneren un den Diddelenger Moler a Sculpteur.
Da gëtt et och Musek am Kulturmagasinn, mir kucken nämlech op eng Oper, déi muer an de Sonndeg am Stater Conservatoire ze gesinn ass. Zesumme mam sinfoneschen Orchester vun de Proffen an ënner der Baguette vum Carlo Jans, stinn d’Schüler:innen aus de Klasse vum Chant Lyrique op der Bün a féieren Extraiten aus dem Mozart sengen Operen op. D'Marie Trussart huet mat der Hélène Bernardy vum Conservatoire doriwwer geschwat.
Den 28. Dezember ass de Jochen Distelmeyer, Auteur a Grënner vun der legendärer Hamburger Band Blumfeld zu Tréier an der TUFA. D'Claudia Klasen huet mam Museker iwwer dee Concert a säin neien Album geschwat.
Presentéiert vum
- Pit Walté