D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun hält haut hir Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun. Fir d‘Ursula vun der Leyen ass et déi leschte Kéier, datt si virun den Europawahlen deen Exercice mécht.
Et gëtt erwaart, datt si de Bilan zitt vun hirer Aarbecht. Haaptsujete wäerten de Krich an der Ukrain, d'Migratioun an d’Klimapolitik sinn. Zil wier et net, nei Gesetzer ze annoncéieren, esou gëschter ee Vertrieder vun der Kommissioun. Mee d‘Ursula vun der Leyen wäert d‘Richtung opweise fir déi zukënfteg EU-Politik.
Aschätzunge vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.