A Frankräich läit, eng knapp Woch virun den Europawalen, de rietspopulistesche Rassemblement National an de Sondagë mat 32 Prozent wäit virun den anere Parteien un der Spëtzt. Gëschter war et zu Paräis de leschte grousse Walkampfmeeting fir de Spëtzekandidate Jordan Bardella an d'Marine Le Pen. Eise Korrespondent Max Tholl war op der Plaz an huet beim Public nogefrot, wat si un Europa stéiert, a firwat fir si de Jordan Bardella d’Zukunft vum RN ass.
arrow_back_ios
Europa Aktuell
Leschte Walowend mam Marine Le Pen a Jordan Bardella
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow

Jordan Bardella (Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak)
Episoden
De Geriichtshaff zu London huet festgeluech wat eng Fra ass,
De Geriichtshaff zu London huet festgeluecht, dass sech den “Term” Fra gesetzlech elo just op Leit bezitt, déi als biologesch Frae gebuer sinn.

Groussbritannien: Wat ass déi legal Definitioun vun enger Fra?
Deen Ieweschte Geriichtshaff vu Groussbritannien huet decidéiert, wien ënner dem Gläichheetsgesetz als Fra ugesi gëtt.
Sexualiséiert Gewalt am Kulturberäich
Iwwer 6 Méint laang huet eng speziell Enquêtëkommissioun a Frankräich un engem Rapport iwwer sexuell Gewalt am Kulturberäich geschafft.

Déi nei däitsch Koalitioun steet
Mir kucke mat eisem Däitschland-Korrespondent, op wat Unioun an SPD sech gëeenegt hunn.

Ouni Bourbon a Botter: D'EU publizéiert Lëscht fir Géigentaxen
D'Lëscht vun amerikanesche Produiten, op deenen an der EU Importtaxe sollen erhuewe ginn, ass laang. Verschidde Gidder goufen awer op Drock vun Italien, Frankräich an Irland nees erofgeholl.
Handelskrich: Net ze séier schéissen
Déi erhéichten Douanestaxen, déi d'USA wëllen op Importer erhiewen, sinn eng taktesch Erausfuerderung fir d'EU. Den Olivier Hanrion vun der RTBF fënnt, datt een elo misst mat Virsiicht reagéieren.

Douanestaxen: Groussbritannien kënnt besser ewech wéi d'EU
Den Donald Trump huet decidéiert, datt op all de Wueren, déi aus Groussbritannien an d'USA importéiert ginn, eng Tax vun 10 Prozent muss bezuelt ginn - hallef esou vill wéi op Wueren aus der EU.

US-Stroftaxen: D’EU setzt weider op Verhandlunge mat den USA
D’EU ass prett fir virun ze verhandelen, awer och wann néideg Géigemesuren ze huelen, esou d’Ursula von der Leyen an enger éischter Reaktioun op d’Annonce vun den USA, Douanestaxen op EU-Importer ze erhiewen.
EVP-Kampagne géint LIFE-Programm kritt een Dämpfer
Am Europaparlament gouf et keng Majoritéit fir eng Demande vun der EVP, den Ëmwelt-Programm LIFE op de Leescht ze huelen. De Vott war symbolesch, de Sujet ass net vum Dësch.

Urteel Le Pen: eng Reaktioun aus dem Europaparlament
Den Daniel Freund, gréngen Europadeputéierten aus Däitschland, presidéiert am Europaparlament den Aarbechtsgrupp géint Korruptioun.

Koalitiounsverhandlungen an Däitschland
Wou sinn CDU/CSU an SPD drun an hiren Diskussiounen iwwer e gemeinsame Regierungsprogramm? Explikatioune vun 100,7-Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch

Virum Urteel géint d'Marine Le Pen
Déi politesch Zukunft vun der Leaderin vum Rassemblement national steet um Spill, wann d'Geriicht haut an der sougenannter Affär vun de parlamentaresche Mataarbechter tranchéiert.
Hëllef fir den ugeschloene Wäibausecteur
Déi Europäesch Kommissioun proposéiert Mesuren.

Zäitëmstellung ofschafen: Juncker-Verspriechen nach net ageléist
"Mir maachen dat": 2018 hat de Kommissiounschef Juncker versprach, datt d'Zäitëmstellungen ofgeschaaft gëtt. Siwe Joer dono si mir awer wäit dovun ewech. EU-Diplomate schwätze vun engem "doudege Dossier".

Ukrain-Sommet
Zu Paräis beroden haut d’Staats- a Regierungscheffe vun enger 30 Länner iwwer Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain.

Rekord-Appreciatioun fir d'EU
Dem neisten "Eurobarometer" vum Europäesche Parlament sinn esou vill Leit an der EU vun den Virdeeler vun der EU iwwerzeegt, ewéi nach ni.
