Europa Aktuell
Luc Frieden mécht Versprieche bei der NATO
Op d'mannst zwee Prozent vum Brutto-Inlandsprodukt fir d’Defense ausginn - dat verlaangt bekanntlech d’NATO vun hire Memberen. Lëtzebuerg engagéiert sech dozou, dat Zil ze erreechen. Dat huet de Luc Frieden dem Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg versprach. Um nächste Sommet vun der Nord-Atlantik-Allianz am Juli d’nächst Joer zu Washington wëllt déi nei Regierung ee Plang dofir virleeën.
D’Danièle Weber huet nogefrot, ob a wéi dat klappe kann, an och wéi eng Erwaardungen den NATO-Generalsekretär un de Grand Duché huet.
Presentéiert vum
- Daniele Weber