Europa Aktuell
Nei EU-Gentech-Reegelen: Den Debat ass knapps lancéiert
5 min
Gentechnik ass net gläich Gentechnik - där Meenung ass d’Europäesch Kommissioun, déi plangt, d’Reegele fir genetesch modifizéiert Planzen ze labberen. Verschidde Prozedure géifen net méi ënner déi bis elo éischter streng Gentechnik-Reegele falen.
Deemno kéinten deemnächst genetesch verännert Liewensmëttelen op eisem Teller landen, ouni datt mir dat mierken. An der EU schéngt et dogéint um Niveau vun de Memberlänner awer och am Europaparlament keng grouss Oppositioun ze ginn. Lëtzebuerg ass eent vun de wéinege Länner, déi bis elo Bedenken ugemellt hunn. D’Danièle Weber iwwer deen Debat, dee bis elo nach net richteg lancéiert ass.
Presentéiert vum
- Daniele Weber