arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Inspiréiert a spannend

Inspiréiert a spannend

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

The Coral hiren neien Album “Sea Of Mirrors” ass konzipéiert als e surrealen italieenesche Spaghetti Western Soundtrack, ass awer vollgepaakt mat Metafferen an Allegorië fir dat modernt England, dat amgaang ass ze verfalen.

De Schlofzëmmer Folk vun LaFrange, mam richtege Numm Zoé Seignouret, léist mat “nobody else will ever see me naked” eng jugendlech Melancholie erkléngen, déi tëschent de véier Mauere vun hirem Zëmmer entsteet, do wou d’Artistin sech zeréckzitt fir d’BO vun hirem Häerz ze komponéieren.

Eng vu den Decouverten dës Woch sinn Howlin' Jaws. An dat sinn dräi Paräisser, déi sech schonn als Bouwe kannt hunn, hir Jugend a Schoulausbildung hanner sech bruecht hunn ouni d’Musek opzeginn. Am September koum hiren neien Album “Half Asleep Half Awake” eraus, en Disk, deen analog opgeholl gouf. Fir dëse konnte si de Liam Watson mat an d’Boot huelen, et ass jo och hien, deen zoustänneg war fir de White Stripes hiren “Elephant”.

Eng aner Decouverte an eng nawell zimmlech ausgeflippten ass d’NCY Milky Band. De Quartett vun Nanzeg huet en neie Volume aus hirer Serie “Our Gurus” verëffentlecht. D’Serie ass beaflosst vun hiren Helden, notamment King Crimson.

Empress Chai & Erik Ritfeld hiren Album “Piece of Mind” ass eng weider Decouverte. Hei héiere mir déi fruchtbar Zesummenaarbecht tëschent dem Pianist a Keyboarder Erik Ritfeld vu Rotterdam an der Sängerin Fiona Cleary aka Empress Chai vu Jamaika.

Dee wuelbekannte franséischen Jazz-Kontrabassist Henri Texier clôturéiert mam Album “An Indian's Life” en Tryptique. Dësen hat 1993 ugefaangen mat “An Indian's Week”, dunn 2016 “Sky Dancers” an haut “An I’ndian's Life”, deen neien a leschten Album, wou et ëm déi amerikanesch Urawunner geet.

En aneren onëmgänglechen Album ass der Global Groove Band Muito Kaballa hiren neien “Like a River”. E Konzept-Album, op deem et ëm Bezéiunge geet oder eng Plaz an der Gesellschaft, oder ganz einfach eng Musek, fir drop ze danzen.


Playlist:

1. The Coral - North Wind (The Skiffle Sessions) - Sea Of Mirrors

2. Calexico & Iron & Wine - The Bitter Suite (Pájaro / Evil Eye / Tennessee Train) - Years to Burn

3. LaFrange - i wish you died - nobody else will ever see me naked

4. Howlin' Jaws - See You There - Half Asleep Half Awake

5. NCY Milky Band - Giles, Giles & Fripp - Our Gurus 2

6. Turner Cody - Corner Of My Room - Noughties Niceness

7. Empress Chai & Erik Ritfeld - Fix Me - Piece Of Mind

8. Sade - Why Can't We Live Together - Diamond Life

9. Henri Texier - Black And Blue (feat. Manu Codjia, Gautier Garrigue, Carlo Nardozza, Sylvain Rifflet, Sébastien Texier & Himiko Paganotti) - An Indian's Life

10. Muito Kaballa & Luna Feat. Reinel Bakole - Like A River

Episoden

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow