arrow_back_ios
Europa Aktuell
Parentalitéit soll an der ganzer EU unerkannt ginn
Wann homosexuell Elteren mat hire Kanner vun engem EU-Land an een anert plënneren, kënne si Problemer kréien – dat wëll d‘Gesetzer iwwert d‘Unerkenne vun der Parentalitéit net iwwerall d‘nämmlecht sinn. Verschiddener waren do mat Problemer konfrontéiert an trauen sech net méi sech am Ausland nidder ze loossen. D‘Europäesch Kommissioun wollt d‘Koppelen aus der LGBTIQ-Communautéit protegéieren, an huet vrun engem Joer een neit Gesetz proposéiert – iwwert dat am Europaparlament diskutéiert gëtt. Ma déi Diskussiounen si komplizéiert.